
An der drëtter Belscher Liga huet Virton 1:1 géint RWDM (Molenbeek) gespillt. Den 1:0 konnt de Lëtzebuerger Lucas Prudhomme an der éischter Halschent markéieren. An der Tabell läit Virton elo mat 36 Punkten op der 3. Platz an huet e Réckstand vun 11 Punkten op den éischten Tessenderlo.
Um 23. Spilldag an der Ligue 2 a Frankräich huet Metz e Freideg den Owend géint Troyes 1:1 gläichgespillt. De Laurent Jans souz bei Metz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. De Christopher Martins war bei Troyes net am Kader. Metz bleift trotz dem Remis un der Tabellespëtzt an huet 3 Punkte Virsprong op Stade Brest.
An der National a Frankräich war den FC Pau e Freideg den Owend auswäerts beim USL Dunkerque gefuerdert. No 90 Minutte konnt ee sech iwwert eng 2:1-Victoire freeën. De Vincent Thill, deen an der Startformatioun vu Pau stoung, huet an der 33. Minutt den 1:0 fir seng Ekipp markéiert. No 20 Spilldeeg steet de Lëtzebuerger Nationalspiller mat sengem Veräin op der 8. Plaz an der Tabell.
An der Ligue 1 a Frankräich huet Lille doheem mat 4:0 géint OGC Nice gewonnen. D'Goler hunn de Leao an der 7. Minutt, de Pepe an der 37. Minutt, de Bamba an der 75. Minutt an de Remi an der Nospillzäit geschoss. D'Ekipp vum Gérard Lopez bleift domadder weider op der zweeter Plaz an der Tabell.