FOTOEN a VIDEOLafe fir de gudden Zweck beim Wanterlaf zu Réiden

RTL Lëtzebuerg
Fir d'13. Kéier gouf de Réidener Wanterlaf um Sonndeg organiséiert. Dëst ass e Laf, mat deem den Télévie an d'Trisomie 21 ënnerstëtzt ginn.
© Maya a Robert Straus

Vu wäit gekuckt, hätt ee kéinte mengen, dass d'Schoul en Dag virun der Vakanz zu Réiden ugefaangen hätt, Et waren awer keng Schüler, déi an de Gäng stoungen, et goufe keng Tester geschriwwen an den Turnsall war als Crèche ëmfonctionnéiert ginn. Wéi all Joer ass de Wanterlaf um 1. Sonndeg am Januar iwwert d'Bühn gaangen an d'Gebai vum Atert Lycée ass eng optimal Plaz fir esou eng Organisatioun. Et ware keng Chronometragen ze gesinn a keng Chippen. De Réidener Wanterlaf ass bekannt fir eng locker, familiär Atmosphär.

Do wou fréier déi Nojemer Gare stoung an de Charly do Halt gemaach huet, souz um Sonndeg déi Nojemer Musek. 73 Musikante koumen aus dem 300 Awunner groussen Dierfchen, eng ganz lëschteg Band, an hunn deene 1.500 Leefer d'Liewe verschéinert.

Fir déi 72 Leefer aus dem Atert Lycée gesäit d'Gebai e Méindeg de Moien erëm no Schoul aus, well dann hunn d'Leit vum Organisatiounscomité erëm alles ewechgeraumt, an och d'Coiffeuren an d'Masseuren hunn hir Walissen gepaakt.

Lafe fir de gudden Zweck beim Wanterlaf zu Réiden
Fir d'13. Kéier gouf de Réidener Wanterlaf um Sonndeg organiséiert. Dëst ass e Laf, mat deem den Télévie an d'Trisomie 21 ënnerstëtzt ginn.

FOTOGALERIE: Andréck vum Maya a Robert Straus

Back to Top
CIM LOGO