
Bei den Häre stoung um Samschdeg d'Descente zu Wengen an der Schwäiz um Programm. Mat 4,5 Kilometer ass dëst déi längsten Descente vum Weltcup. Um Enn konnt sech den Éisträicher Vincent Kriechmayr feiere loossen. De Beat Feuz aus der Schwäiz koum beim Lauberhornrennen mat engem Réckstand vu 0,14 Sekonnen op déi zweete Plaz, déi drëtte Plaz war fir de Norweger Alexander Aamodt Kilde mat engem Retard vu 0.26 Sekonnen op de Vainqueur.
Am General bleift de Marcel Hirscher mat 976 Punkten un der Spëtzt, dëst virum Norweger Henrik Kristoffersen mat 571 Punkten.
Eng Grupp aus Lëtzebuerg hat och de Wee bis op Wengen fonnt fir d'Atmosphär an d'Course live mat ze erliewen.
No der Victoire um Freideg konnt sech d'Ramona Siebenhofer um Samschdeg eng zweete Kéier an der Descente zu Cortina d'Ampezzo an Italien duerchsetzen. D'Éisträicherin konnt sech um Enn ganz knapp mat 0,04 Sekonne virun hirer Landsfra Nicole Schmidhofer duerchsetzen. D'Ilka Stuhec koum mat engem Retard vun 0,51 Sekonnen op déi drëtte Plaz.
No enger enttäuschender 15. Plaz um Freideg konnt sech och d'US-Amerikanerin Lindsey Vonn verbessert presentéieren. Mat engem Retard vun 1 Sekonn a 36 Honnertstel koum hat um Enn op déi 9. Plaz.
Am General bleift d'Mikaela Schiffrin mat 1394 Punkte kloer a Féierung, dëst virum Petra Vlhova aus der Slowakei mat 898 Punkten.