VéierschanzentournéeKobayashi grousse Gewënner

RTL Lëtzebuerg
Am 4. a leschte Sprangen zu Bischofshofen op der Véierschanzentournée huet sech de Ryoyu Kobayashi de General net méi huele gelooss.
© afp

No staarkem Schnéifall huet d'Qualifikatioun vum 4. a leschte Sprangen um Samschdeg zu Bischofshofen missen ofgesot ginn an dës gouf dunn um Sonndeg virun den 2 Duerchgäng nogeholl.

Nodeems et lescht Joer dem Pol Kamil Stoch gelongen ass als 2. nom Sven Hannawald all 4 Sprangen ze gewannen, gouf et dëst Joer d'Chance fir de Japaner Ryoyu Kobayashi dat nämlecht Konschtwierk fäerdeg ze bréngen.

Nom éischten Duerchgang hat de Japaner awer net déi optimal Ausgangspositioun fir dëst Sprangen ze gewannen a war just op der 4. Plaz. Eischten war zu deem Ament de Markus Eisenbichler virum Dawid Kubacki a Stefan Kraft. Den 3. vum Generalklassement zu deem Ament, Andreas Stjernen, louch nom 1. Duerchgang just op der 24. Plaz an hat sech domadder seng Plaz um Podium vum General verspillt.

Am zweeten Duerchgang konnt de Kobayashi mat engem staarke Sprong awer nach vun der 4. op déi 1. Plaz no vir sprangen a gewënnt soumat nom Sven Hannawald a Kamil Stoch als 3. Sprenger déi 4 Sprangen. Op déi 2. Plaz koum den Dawid Kubacki virum Stefan Kraft.

Am General gëtt hannert dem Ryoyu Kobayashi de Markus Eisenbichler 2. an de Stephan Leyhe konnt sech am leschte Sprangen nach op déi 3. Plaz no vir kämpfen.

Back to Top
CIM LOGO