Davis CupKanada trëfft op Spuenien an der Finall

RTL Lëtzebuerg
Wärend d'Heemekipp sech 2:1 géint Groussbritannien konnt duerchsetzen, wannen d'Kanadier mam selwechte Resultat géint Russland.
Et ass déi éischte Kéier, datt d'Kanada et an d'Finall vum Davis Cup packt.
Et ass déi éischte Kéier, datt d'Kanada et an d'Finall vum Davis Cup packt.
© AFP

U sech hat et gutt fir d'Russen ausgesinn, den Andrey Rublev konnt sech mat 2 Mol 6:4 géint de Vasek Pospisil duerchsetzen a seng Ekipp a Féierung bréngen. Am zweete Match war et dann de Kanadier Denis Shapovalov, deen d'Nues vir hat:6:4, 4:6 a 6:4 konnt hie sech behaapten. Den Doubel huet also missten entscheeden. D'Kanadier haten en Avantage mat 6:3, verléieren dunn den zweete Saz mat 3:6 an am leschten an entscheedende Saz konnte si sech du mat engem 7:6 fir d'Finall qualifizéieren.

© AFP

Bei de Spuenier war et de Superstar Rafael Nadal, deen d'Käschten aus dem Feier geholl huet. Säi Landsmann Feliciano Lopez hat den éischte Match nach géint de Kyle Edmund mat 3:6 a 6:7 verluer, ma den Nadal hat dem Daniel Evans beim 6:4 a 6:0 keng Chance gelooss. Am entscheedenden Doubel konnt sech béid Spuenier mat zwee Mol 7:6 géint den Jamie Murray an den Neal Skupski behaapten.

D'Finall gëtt e Sonndeg am Nomëtteg zu Madrid gespillt.

Back to Top
CIM LOGO