NASCAR Euro Series"Zil ass den Titel" - An der Hallschent vun der Saison steet de Gil Linster op Plaz 2

Andy Brücker
Hien huet just 2 Punkte Réckstand op de Schwäizer Thomas Toffel, gesäit awer am Kanadier Raphael Lessard säi stäerkste Konkurrent.
© Kilian Coufal

D'NASCAR Euro Series ass aktuell an der Summerpaus, wat eis d'Geleeënheet gëtt e klenge Réckbléck op déi éischt 6 Coursse vun der Saison ze maachen. Déi waren op dräi verschiddenen Destinatiounen:

-Valencia den 18.-19. Abrëll
-Le Castellet den 23.-24. Mee
-Brands Hatch de 5.-7. Juni.

De Gil Linster ass zanter 2017 an der NASCAR Euro Series an e stoung bei den éischte 6 Coursse vun dësem Joer net manner wéi 4 mol um Podium. Bei de Coursse wou en net um Podium stoung, war et jeeweils eng 5. Plaz.

Valencia:
1. Course - Plaz 2
2. Course - Plaz 3

Le Castellet:
3. Course - Plaz 5
4. Course - Plaz 3

Brands Hatch:
5. Course - Plaz 3
6. Course - Plaz 5

© Kilian Coufal
NASCAR Euro Series Saison 2026 - Gil Linster (Deel 1)
Réckbléck op déi éischt 3 Coursse vun der Saison
NASCAR Euro Series Saison 2026 - Gil Linster (Deel 2)
Réckbléck op d'Coursse 4 bis 6, an der éischter Hallschent vun der Saison.

Aktuell Plaz 2 - Zil ass den Titel

Duerch déi gutt a konstant Leeschtungen, steet de Lëtzebuerger, dee fir d'Team Hendriks Motorsports op engem Ford Mustang mat der Startnummer 50 fiert, elo op Plaz 2 am Generaklassement an der Kategorie Open.

Perséinlech gesäit hien déi éischt Hallschent vun der Saison ganz positiv. Et hätt ee sech virgeholl gehat "net ze vill Risiko ze huelen a léiwer eng Kéier de Fouss méi ze hiewen, well et awer ëmmer relativ rau an der Euro Nascar zougeet", esou de Gil Linster am Gespréich mat RTL.

"Ziler bis elo all zu 100% erreecht. An der zweeter Hallschent gëtt de Risiko ëmmer méi héich, fir um Schluss vun der Saison Champion ze ginn"

E wier all Course am Top5 gewiescht, wat gutt wier, och aus der Siicht vun den Amerikaner, well do wier eng Plaz 2, 3 4 oder 5 quasi dat selwecht. Et géif een d'Course gewannen, oder et packt een et an d'Top5, respektiv d'Top10. Dat si sou déi Skaléierungen, mat deenen an der Nascar géif geschafft ginn. All Course an den Top5 ofzeschléisse wier a Punkto Marketing deemno eng ganz positiv Saach.

Zolder ass wéi eng Heemcourse fir mech

Fir déi zweet Hallschent vun der Saison freet de Gil Linster sech haaptsächlech op d'Finall zu Zolder. Do géifen och ëmmer eng ganz Partie Lëtzebuerger den Deplacement maachen, fir hien ufeieren ze kommen. En hätt dann och scho matkritt, dass do d'Preparatioune schonn op Héichtoure lafen.

"Zolder ass fir mech wéi eng Heemcourse, do freeën ech mech ëmmer besonnesch drop. Do ginn et dann och duebel Punkten, grad ewéi och schonn an Italien."

Kanadier Lessard wuel stäerkste Géigner

Wat elo de Kampf ëm den Titel an der Open Kategorie ugeet, läit de Gil Linster am Moment op der zweeter Plaz, hannert dem Thomas Toffel aus der Schwäiz. Besonnesch kuckt de Lëtzebuerger awer op de Mann mat der Startnummer 11, de Raphael Lessard, dee schonn Nascar-Courssen an Amerika gewonnen huet.

"De Lessard ass kanadesche Meeschter an d'Ekipp ass och richteg staark. Déi komme mat amerikaneschem KnowHow. Déi waren och elo disqualifizéiert ginn, well se eppes um Motor trafiquéiert hunn oder och net gemaach hunn... kee weess et richteg, ma si sinn disqualifizéiert ginn."

Dat ass op alle Fall dee Pilot, op deen de Gil Linster besonnesch en Ae geheit, well en hien a seng Ekipp als ganz staark aschätzt.

Generalklassement

1) Thomas Toffel (CHE): 203 Punkten
2) Gil Linster (LUX): 201 Punkten
3) Raphael Lessard (CAN) 200 Punkten
4) Thomas Dombrowski (FRA): 190 Punkten
5) Claudio Cappelli (ITA): 181 Punkten

Enn August geet et virun

Den nächste Rendez-vous ass den 29.-30. August um Autodrom zu Most an Tschechien, wou et heescht "iwwerliewen", esou de Gil Linster.

Duerno geet et weider op Vallelunga an Italien, de Weekend vum 19.-20. September, wou et wéi gesot schonn duebel Punkte ginn. Deemno gëtt et do wichteg mat vir bäi ze sinn.

D'Finall ass 17.-18. Oktober um Circuit zu Zolder. Do si Joer fir Joer vill Lëtzebuerger, an eventuell ass dat och eng Geleeënheet fir Iech, fir de Gil Linster ufeieren ze goen, respektiv fir och emol déi Nascar-Courssen hautno ze erliewen, wann der sou eppes nach net gesinn hutt. Mat e bësse Chance ass een dann och live mat dobäi, wann de Gil Linster den Titel a senger Kategorie wënnt.

Back to Top
CIM LOGO