Dëse Brauch staamt aus dem 17.Joerhonnert. Fréier hunn déi verstuerwe Leit e Wësch an d'Doudelued geluecht kritt. Ausserdeem gouf esou e Wësch am Stall vum Bauer opgehaangen. E soll d'Véi viru Krankheete schützen.
Zanter 1985 gëtt dësen ale Brauch zu Greiweldeng erëm opliewe gelooss. Bis zu 30 Kraider kommen an e Wësch. Ausserdeem nach eng Muert an Zwibbel. Wéinst der Dréchent an der Hëtzt war et dëst Joer vill méi schwéier genuch Kraider ze fannen. Villes war nämlech scho verblitt.