National Rekorder gebrachSchwamm-EM fir Lëtzebuerger eriwwer - Halleffinalle vu Fabiani stiechen eraus

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass zu Paräis a Frankräich de leschten Dag vun der Europameeschterschaft am Schwammen.
Lëtzebuerger 4x100-Meter-Fräistil-Staffel (v.l.n.r: Daleiden Ciuferri, Kemp, Fabiani, Frippiat)
© deepbluemedia

E Sonndeg de Moie war d'Lou Jominet als lescht Lëtzebuergerin op der Schwamm-EM zu Paräis am Asaz. D'Lëtzebuergerin ass an de Virleef iwwer 400 Meter Fräistil mat enger Zäit vu véier Minutten, 23 Sekonnen an 98 Honnertstel op déi 26. Plaz ënner 26 Schwëmmerinne geschwommen. Déi aacht séierst Schwëmmerinnen aus de Virleef hu sech fir d'Finall e Sonndeg den Owend qualifizéiert.

Fir d'Lëtzebuerger Schwamm-Delegatioun ass d'Europameeschterschaft zu Paräis domadder eriwwer. Um Enn stiechen déi zwou Halleffinall-Participatioune vum Rémi Fabiani iwwer 50 Meter Réck an 100 Meter Fräistil eraus. Donieft ass hien och nach nei Lëtzebuerger Rekorder iwwer déi zwou Distanze geschwommen. En neien nationale Rekord gouf et och fir d'4x100-Meter-Fräistil-Staffel mat Kemp, Fabiani, Frippiat an Daleiden Ciuferri. An dann ass d'Emma Barthel eng nei national Beschtleeschtung iwwer 200 Meter Quatres Nages an 200 Meter Brasse geschwommen.

Liest och dës Artikelen

Back to Top
CIM LOGO