
Bei héijen Temperaturen d'Fënsteren an d'Rolllueden am Dag zouloossen: Dëse Rot héiert een am Summer ëmmer nees. Fir de Meteorolog Jörg Kachelmann ass en awer net pauschal richteg – virun allem net bei eelere Leit, déi sech de ganzen Dag a klenge Wunnengen ophalen. Seng Argumentatioun: Wann d'Leit doheem sinn, misst een dofir suergen, datt d'Loft kann zirkuléieren. Nieft der Temperatur spillt dobäi virun allem d'Loftfiichtegkeet eng wichteg Roll, a klenge Raim ouni Belëftung kéint et dowéinst problematesch ginn, wann iwwer Stonnen alles zou bleift.
"De Killer ass net d'Temperatur, mee d'Loftfiichtegkeet", seet de Meteorolog. D'Fënsteren am Dag zouzehalen, kéint zwar Sënn maachen, wa keen doheem ass. Wa Leit sech awer an der Wunneng ophalen, misst een d'Situatioun méi differenzéiert betruechten.
Och beim Thema Bëschbränn wëll de Jörg Kachelmann mat engem verbreete Mëssverständnis opraumen. Héich Temperaturen eleng géifen net duergoen, fir e Bëschbrand auszeléisen. Fir datt et brennt, brauche mer dem Meteorolog no zwou Saachen: Et muss dréche sinn an et brauch eng Zündquell mat enger Temperatur vun ongeféier 250 bis 300 Grad. Eng natierlech Ursaach kéint an eenzele Fäll e Blëtz am Randberäich vun engem Donnerwieder sinn, soss wier de Mënsch als Ausléiser am Spill – bewosst oder onbewosst. Dofir hält de Jörg Kachelmann och näischt vun der Bezeechnung "Hëtztbrand". D'Hëtzt selwer wier net d'Zündquell. Och d'Iddi, datt eng Glasschierbel am Bësch einfach e Feier ausléise kéint, weist hien zeréck.
En anere Punkt, deen dem Meteorolog wichteg ass: Hëtzt an Dréchent dierften net matenee verwiesselt ginn. Wann an de Flëss aktuell wéineg Waasser ass, wier dat net direkt eng Konsequenz vun enger Hëtztwell, mee virun allem eng Konsequenz vum Reen, dee feelt. Dat wäert een d'nächst Woch och gesinn, och wann d'Temperaturen erofginn, klëmmt net de Waasserpeegel. Et misst reenen.
An do ass d'Perspektiv dem Jörg Kachelmann no den Ament net besonnesch gutt. Zwar kéint et lokal e bëssen Nidderschlag ginn, deen d'Situatioun liicht verbessert. Fir d'Dréchent wier dat awer net genuch. "De grousse Reen ass leider ëmmer nach net a Siicht", esou de Meteorolog am RTL-Interview.