SchwammenJulie Meynen verbessert nationale Rekord iwwer 50 Meter Crawl

RTL Lëtzebuerg
No de Rekorder iwwer 50 an 100 Meter Crawl bei der International Swimming League Enn Oktober huet d'Lëtzebuergerin op en Neits op sech opmierksam gemaach.
© ISL

Déi 23 Joer jonk Schwëmmerin konnt e Freideg en neien nationale Rekord iwwer 50 Meter Crawl opstellen. D’Julie Meynen huet no 24 Sekonnen a 75 Honnertstel ugeschloen a war domat een Honnertstel méi séier wéi bei hirer aler Beschtzäit.

Bei der International Swimming League geet d’Lëtzebuerger Schwëmmerin fir d’Ekipp Toronto Titns un den Depart.

Back to Top
CIM LOGO