Gëtt nogehollJournée du Sportif Cardiaque op en Neits wéinst Corona verluecht

RTL Lëtzebuerg
Déi 7. Editioun sollt schonn am Fréijoer sinn a gouf wéinst der Pandemie verluecht, ma och am November konnt se net organiséiert ginn.

Zanter 35 Joer gëtt et hei zu Lëtzebuerg d’Association Luxembourgeoise des Groupes Sportifs pour Cardiaques.

Eng Traditioun ass hir grouss Journée du Sportif Cardiaque, déi all 5 Joer ass. Elo Enn November sollt déi 7. Editioun sinn. Déi huet leider wéinst der Pandemie misste verréckelt ginn.

Virgesi war se eigentlech schonn am Fréijoer. Dunn ass se wéinst Corona op den Hierscht verluecht ginn. D’Virbereedunge ware getraff, d’Broschür war preparéiert. Ma och do huet d’Pandemie der Ekipp ronderëm de President René Recking an de Kardiolog Charel Delagardelle e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

Dat gëtt awer nogeholl, seet den Dr. Charel Delagardelle.

Extrait Charel Delagardelle

Et ass elo virgesinn, fir déi Journée d’nächst Joer am Hierscht ze organiséieren. Da gëtt se hoffentlech gemaach, wéi mir se bis elo ëmmer gemaach hunn. Dat heescht e Moie mat Konferenzen, mat enger neier Broschür a fir de Grand Public.

Fir dëse Rendez-vous ass den Amphitheater vum Centre Hospitalier ëmmer bis op déi leschte Plaz gefëllt. Dat wäert dann, wann d’Situatioun et zouléisst, 2021 och erëm esou sinn.

Back to Top
CIM LOGO