
Bei den Damme gouf et iwwer 60 Meter nees eng Victoire vum Patrizia van der Weken. Déi 19 Joer al Leeferin vum Capa huet hir Victoire vun zejoert souverän verdeedegt. An der Finall ass de Chrono no 7 Sekonnen an 53 Honnertstel stoe bliwwen. Den aktuelle Rekord an der Hal iwwer 60 Meter läit bei 7 Sekonnen an 38 Honnertstel a gëtt gehale vum Tiffany Thilumba. Bis op een Honnertstel ass d'Patrizia van der Weken déi lescht Saison schonn erukomm an dëser Saison kéint de Rekord deemno falen.
Bei den Häre wousst de 17 Joer alen David Mbang Springer vu sech ze iwwerzeegen. An de Virleef ass de Capa-Athlet eng Zäit vu 6 Sekonnen an 98 Honnertstel gelaf, domadder ass hie bis op 5 Honnertstel un d'Beschtleeschtung bei de Junioren erukomm (Yoann Bebon / 6"93). An der Finall ass den Mbang Springer mat senger Zäit vu 7 Sekonnen an 3 Honnertstel den Drëtte ginn. Gewonnen huet den Däitschen Robert Polkawski mat 6 Sekonnen a 96 Honnertstel.