LaanglafJohannes Klaebo verdeedegt säi Virsprong a wënnt Tour de Ski

RTL Lëtzebuerg
Bei den Dammen konnt sech d'Norwegerin Ingvild Flugstad Östberg souverän uewen op der Alpe de Cermis d'Victoire sécheren.
© afp

D'Ingvild Flugstad Östberg huet fir d'éischte Kéier an hirer Karriär d'Tour de Ski am Laanglaf gewonnen. D'Norwegerin war och op der leschter Biergetapp iwwer 9 Kilometer am Skating net ze bremsen. D'Flugstad Östberg hat um Enn uewen aus um Sommet vun der Alpe Cermis zu Val di Fiemme an Italien e Virsprong vun 2 Minutten an 42 Sekonnen op d'Russin Natalia Neprjajewa, wéi si iwwert d'Arrivée gelaf ass. Um Podium stoung nach d'Finnin Krista Parmakoski mat engem Retard vun 2 Minutten a 55 Sekonnen.

D'Flugstad Östberg huet déi 13. Editioun vun der Tour de Ski déi ganzen Zäit iwwer dominéiert an um Sonndeg hir véiert Etapp noenee gewonnen. No zwou zweete Plazen an de leschte Joren, huet si sech dëst Joer de General an der Tour de Ski geséchert an domadder bewisen, datt si den Ament déi komplettst Laangleeferin ass.

© AFP

Wéi bei den Dammen war et och bei den Hären en Athlet aus Norwegen deen déi ganz Tour de Ski iwwer dominéiert huet a schlussëndlech op der Alpe de Cermis fir déi éischt kéier gewënnt. An dëst ass de Johannes Klaebo dee mat enger knapper Minutt Virsprong an déi lescht Course vun dëser Tour de Ski gestart ass. Am berühmte géie Bierg am Schluss vun der Etapp huet de Norweger awer vill Zäit missen abéissen a rett e Virsprong vun 16 Sekonnen op de Russ Ustiugov op d'Arrivée. Op déi drëtt Plaz koum mam Simon Krüger e weidere Norweger.

Back to Top
CIM LOGO