Nodeem d'Goranova deen éischte Punkt gemaach huet, konnt d'Lëtzebuergerin nach mat 1:1 gläichzéien.
Dunn allerdéngs ass et der Bulgarin gegléckt, 3 Punkten ze markéieren, a si huet sech och dono de Virsprong op d'Jenny Warling net méi ewechhuele gelooss. D'Ivet Goranova hat och schonn d'Nummer 1 an der Weltranglëscht op der WM eliminéiert.
D'Jenny Warling kënnt domadder op déi 5. Plaz am Klassement vun der WM.