
Ma et war dee 7. Punkt aus de leschten 3 Partien, esou datt den Trend vu Schalke awer weider no uewe weist. An et wier och zu Berlin, bei äisegen Temperaturen e Freideg den Owend, nach méi dra gewiescht.
An der 17. huet de Jewgeni Konopljanka an an der 44. de Mark Uth déi Kinneksblo a Féierung geschoss, ma an der 39. konnt de Marko Grujic an an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent dunn och nach de Vedad Ibisevic ausgläichen. Also 2:2 an der Paus an dobäi ass et dunn och bliwwen.
Déi aner Matcher vum 19. Spilldag ginn e Samschdeg an e Sonndeg gespillt. Dortmund empfänkt e Samschdeg Hannover, München e Sonndeg Stuttgart.