
Bei engem Liichtathletik Meeting an Tschechien ass de Bob Bertemes de Weekend am Bommstoussen de gudden Zweete ginn. De Lëtzebuerger huet d'Bomm 20 Meter a 40 Zentimeter wäit gestouss. Direkt deen éischte Versuch war de beschten.
Gewonnen huet den Tschech Tomas Stanek mat 21 Meter a 16 Zentimeter.