Dass Fraen am Sport grouss erauskommen an zemools déi selwecht Méiglechkeete wéi Männer hunn, ass awer net onbedéngt ëmmer den Fall. Dofir gëtt et zanter 2014 schonn den internationalen Dag vum Dammesport. Dësen Dag fält ëmmer op de 24. Januar. Och Lëtzebuerg mécht zanter dräi Joer mat.
Ëmmer méi Gemenge weisen de Wëllen, d’Fraen am Sport ze fërderen. Dëst Joer hunn 20 Gemenge matgemaach. Den Damme weisen, dass si genau esou gutt si wéi d’Männer, dat ass och den Message vun der néier Sportministesch.
Fir dësen Dag ze zelebréieren, gi schonn am viraus an de verschiddenste Gemengen Aktivitéiten organiséiert, esou och zu Steesel, wou all Joer een Volleyball-Tournoi ass. Egal ob Ekippen, déi aus Aarbechtskolleegen zesummegestallt waren oder déi aus Klipp kommen, op deenen zwou Säite vum Netz missten zu all Moment op d’mannst dräi Fraen um Terrain stoen.
D’Work/Life/Training-Balance ass ee vun den Challengen zu Lëtzebuerg. Et misst ënnert anerem gekuckt ginn, datt och d’Fraen zu deene bescht méiglechen Auerzäite kënnen trainéieren. Fir Virbiller am Fraesport ze hunn, muss een net iwwert Grenzen eraus kucken goen. D’Patrizia Van der Weken an d’Jeanne Lehair si beispillsweis d’Nofollgerinne vum Christine Majerus a Marie Muller.
D’Fraen hu sech een Numm am Lëtzebuerger Sport gemaach, u verschiddene Punkte misst awer nach weiderhi geschafft ginn, fir se och, zum Beispill, an de Federatioune besser vertruede wieren.