
Um Sonndeg stoungen an den europäesche Championater wichteg Matcher um Programm. Ënnert anerem war Tottenham zu Liverpool op Besuch.
Wolfsburg 0:0 Augsburg
Wolfsburg kënnt géint Augsburg net iwwert ee 0:0-Remis eraus. Trotz engem Plus u Chancë sollt et der Lokalekipp net geléngen, de Ball iwwert d'Linn ze drécken. Augsburg hat dogéint gehal, an och si haten hirersäits d'Chance fir a Féierung ze goen. An der 84. Minutt koum et zu enger ëmstriddener Aktioun. Nodeems de Victor Santos Sà de Ball fir Wolfburg am Filet ënnerbruecht hat, war et de Videoassistent, deen intervenéiert hat, an op Abseits entscheed hat.
Um Enn sollt et awer beim 0:0 bleiwen.
Gladbach 4:2 Frankfurt
1:0 Thuram (28'), 2:0 Wendt 45+2'), 2:1 da Costa (59'), 3:1 Elvedi (75'), 3:2 Hinteregger (79'), 4:2 Zakaria (85')
Duerch eng 4:2-Victoire géint Frankfurt ka sech Gladbach erëm un d'Spëtzt vun der Bundesliga setzen.
An der 28. Minutt konnt sech den Embolo op der lénker Bande duerchsetzen. Mat enger excellenter Pass an de Strofraum hat hien den Thuram an der Mëtt fonnt, deen aus kuerzer Distanz keng Problemer méi hat. Kuerz virun der Paus war et de Wendt, dee mat engem wurtege Schoss op 2:0 erhéije konnt.
Nom Säitewiessel koum Frankfurt awer erëm an de Match, dëst nodeems sech de Kamada am Strofraum duerchsetze konnt an den da Costa an der Mëtt ugespillt hat, deen de Ball am Filet ënnerbrénge konnt.
Duerno war et den Elvedi, deen den ale Virsprong vun zwee Goler erëm hierstelle konnt. Nodeems den Hinteregger nach eng Kéier fir Spannung suerge konnt, war et um Enn den Zakaria, dee fir de 4:2 suerge konnt.
Arsenal 2:2 Cystal Palace
1:0 Sokratis (7'), 2:0 Luiz (9'), 2:1 Milivojevic (32'), 2:2 Ayew (52')
Arsenal hat ee gudde Start an d'Partie. An der 7. Minutt konnt de Sokratis de Ball no engem Corner iwwert d'Linn drécken, éiert den David Luiz nëmmen 2 Minutte méi spéit op 2:0 erhéije konnt. No enger gudder hallwer Stonn hat den Arbitter zu Recht op de Punkt gewisen. De Milivojeic hat sech dës Geleeënheet net huele gelooss a sou stoung et zur Paus just nach 2:1 aus der Sicht vun de Londoner. An der 52. Minutt war et den Ayew, dee fir de Schlusspunkt suerge konnt an duerch säi Gol Crystal Palace ee Punkt séchere konnt.
Liverpool 2:1 Tottenham
0:1 Kane (1'), 1:1 Henderson (52'), 2:1 Salah (75')
De Leader Liverpool bleift weiderhin ongeschloen an der Premier League. Nach an der éischter Minutt konnten d'Gäscht a Féierung goen. De Son hat sech aus grousser Distanz een Häerz geholl, ma säi Schoss goung just op de Potto. De Kane stoung awer goldrichteg a sou konnt den engleschen Nationalspiller de Ball aus kuerzer Distanz iwwert d'Linn drécken.
Liverpool war awer iwwert wäit Strecken déi dominant Ekipp. An der 52. Minutt krut d'Defense vun Tottenham de Ball net aus dem Strofraum a sou war et den Henderson, dee markéiere konnt.
An der 75. Minutt koum dann de Sadio Mané am Strofraum duerch ee Feeler vun Tottenham aus dem Trëtt. De fällegen Eelefmeter konnt de Salah sécher verwandelen a sou fir d'Victoire fir Liverpool suergen.
Sevilla - Getafe
18:30 Auer
Rennes 3:2 Toulouse
1:0 Niang (3'), 2:0 Hunou (6'), 2:1 Dossevi (41'), 2:2 Gradel (84'), 3:2 Gboho (90+1')
D'Lokalekipp koum ganz staark an de Match. No nëmmen 3 Minutte konnt de Niang seng Faarwen a Féierung bréngen éiert den Hunou nëmmen 3 Minutte méi spéit op 2:0 stelle konnt. Kuerz virun der Paus konnt den Dossevi d'Gäscht vun Toulouse erëm an de Match bréngen. An der Schlussphas war et an der 84. Minutt de Gradel, deen den Ausgläich schéisse Konnt, ma um Enn sollt et awer net fir ee Punkt duergoen. An der Nospillzäit konnt de Gboho de Ball no enger flotter Kombinatioun iwwert d'Linn drécken.
PSG - Marseille
21:00 Auer
Atalanta 7:1 Udinese
0:1 Okaka (12'), 1:1 Ilicic (21'), 2:1 Muriel (35'), 3:1 Ilicic (43'), 4:1 Muriel (48'), 5:1 Pasalic (52'), 6:1 Muriel (75'), 7:1 Traoré (83')
Atalanta iwwerrennt Udinese a bleift weider um Wee Richtung Europa. Nodeems den Okaka d'Gäscht an der 12. Minutt esouguer nach a Féierung brénge konnt, war et duerno d'Lokalekipp, déi de Match an d'Hand geholl haten. An der 21. Minutt konnt den Ilicic den Ausgläich markéieren. Nodeems den Opoku an der 32. Minutt mat senger zweeter gieler Kaart huet misse fréizäiteg dusche goen, hat Udinese näischt méi entgéint ze setzen.
De fällegen Eelefmeter nom Opoku sengem Feeler hat de Muriel sécher verwandelt. Nach virun der Paus konnt den Ilicic op 3:1 erhéijen.
Insgesamt konnt de Muriel 3 Goler markéieren an dem Ilicic waren zwee perséinlech Goler gelongen.
Spal 1:1 Neapel
0:1 Milik (9'), 1:1 Kurtic (16')
Neapel kënnt zu Spal net iwwert een 1:1-Remis eraus. De Favorit konnt an der 9. Minutt duerch de Milik a Féierung goen, ma nëmme 7 Minutte méi spéit konnt de Kurtic den Ausgläich markéieren. Neapel hat de Match iwwert wäit Strecken am Grëff, ma hinne sollt awer kee Gol geléngen. Spal hat alles dogéint gesat, a sou sollte si sech um Enn och ee Punkt géint den Ofstig erkämpfen.
AS Roum - AC Mailand
18:00 Auer