De 35 Joer ale Muller léisst domat de Johny Goudenbour of. Nom Enn vun der Karriär am August zejoert, ass dëst elo e neien Challenge fir de Gilles Muller.
Déi fréier Nummer 21 an der Tennisweltranglëscht wëll, wat d'Preparatioun vun der Davis-Cup-Ekipp ugeet, nach méi Professionalitéit era kréien. Zum Beispill solle sech déi potenziell Spiller, virun allem sinn dat jo Jonker, zesumme mam Kapitän emol de Mount fir gemeinsam Trainingsunitéite gesinn.
De Gilles Muller wäert déi Spiller och d'ganzt Joer iwwer am A behalen, an den zweefachen ATP-Tournoi-Gewënner wäert och mat op d'Spiller vun de klenge Länner goen.
De Gilles Muller selwer huet a senger Karriär bei 27 Davis-Cup-Rencontren vun 46 Simplen der 35 gewonnen.
Fir den FLT-President Claude Lamberty ass et eng ganz grouss Saach, datt een dee beschte Lëtzebuerger Tennisspiller vun allen Zäiten, deen déi Bescht op der Welt wéi Nadal, Roddick oder Agassi geklappt hat, fir déi Aufgab gewanne konnt. De Muller déngt doriwwer eraus natierlech och als Virbild fir all déi jonk Tennisspiller am Land.
Souwuel de Gilles Muller wéi och de Claude Lamberty hunn dem Johny Goudenbour och e grousse Merci ausgeschwat fir all déi Joren, wou hien Davis-Cup-Kapitän war.
