BiathlonFrankräich wënnt d'Staffel bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
Op d'Éiereplaze koumen zu Ruhpolding d'Norwegerinnen virun der Lokalformatioun aus Däitschland.

Am Biathlon stoung um Samschdeg bei den Dammen d'Staffel zu Ruhpolding an Däitschland um Programm. No 4x6 Kilometer war et d'Staffel aus Frankräich déi sech feiere loosse konnt. No insgesamt nëmme 4 Feeler beim Schéisse konnte sech d'Fransousinnen um Enn mat 11.5 Sekonnen duerchsetzen. Op déi zweete Plaz koum d'Formatioun aus Norwegen virun Däitschland, déi am eegene Land op déi drëtte Plaz koum. Um Enn haten d'Dammen aus Däitschland ee Retard vun 23,4 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO