TennisFrankräich gewënnt de Fed Cup géint Australien

RTL Lëtzebuerg
Fir d'drëtte Kéier huet Frankräich e Sonndeg de Moien de Fed Cup gewonnen. An der Finall zu Perth huet ee sech mat 3:2 géint Australien behaapt.
© AFP

D'Decisioun ëm d'Victoire am Fed Cup 2019 ass eréischt am decisiven Dubbel e Sonndeg de Moie gefall. Hei konnt sech déi franséisch Koppel Caroline Garcia/Kristina Mladenovic mat 6:4 a 6:3 géint d'Ashleigh Barty an d'Samantha Stosur aus Australien duerchsetzen an domadder huet Frankräich de Fed Cup mat 3:2 géint Australien gewonnen.

Nom éischten Dag stoung et tëscht béiden Natiounen 1:1 gläich. E Sonndeg de Moien hat d'Mladenovic deen drëtten Eenzel iwwerraschend mat 6:2, 2:6 a 6:7 (1:7) géint d'Barty gewonnen. Duerno hat d'Ajla Tomljanovic mat engem 6:4 a 7:5 géint d'Pauline Parmentier nees op 2:2 ausgeglach. Am decisiven Dubbel war dunn eben d'Victoire fir Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO