Serie Sportler a Corona-Zäiten (18)Fir d'Lis Fautsch an de Flavio Giannotte heescht et, sech fithalen an ofwaarden

Tom Hoffmann
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucken mir op eng Sportaart, wou d'Kompetitiounen normalerweis an enger Hal sinn.
D'Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucken mir op eng Sportaart, wou d’Kompetitiounen normalerweis an enger Hal sinn.

Déi si jo bekanntlech bis op Weideres zou an duerch de social Distancing ass et den Ament, fir d’Fechter Lis Fautsch a Flavio Giannotte net einfach ze trainéieren.

Virun 3 Wochen huet de Fechtzenter vum Lis Fautsch zu Heidenheim an Däitschland d’Dieren zougemaach an d’Lëtzebuergerin huet misse kreativ ginn, wat den Training ubelaangt. Ënnerstëtzung krut Fechterin och vum LIHPS aus Lëtzebuerg.

Mäi Kraafttraining gouf adaptéiert, ech krut en neien Ernärungsplang, well ech manner trainéieren, muss ech elo oppassen, wat a wéi vill ech iessen. Ech kréien och 3 Mol d’Woch Yoga vum LIHPS offréiert”, sot d’Lis Fautsch.

Och d’Trainings-Software vum Fechtzenter gouf optimiséiert. Dat erlaabt dem Lis Fautsch, vun doheem aus op Videoen zeréckzegräifen. Zweemol den Dag gëtt trainéiert, allerdéngs bestëmmt de feste Programm den Alldag vun der Sportzaldotin net méi. Dat huet awer och positiv Säiten.

En anere Virdeel ass, dass ech mäi Mann méi dacks gesi wéi virdrun. Dat sinn dann och Saachen, déi ee genéisst”, esou d’Lis Fautsch weider.

Am Fechten ass et ouni Trainingspartner net einfach ze trainéieren. Dowéinst ass de Flavio Giannotte op d’Iddi komm, sech e Géigner ze bastelen. “D’Zil vun der Saach ass et, weiderhi mat der Épée schaffen ze kënnen an un der Prezisioun an un der Technik ze schaffen, fir déi net ze verléieren.

Momentan ass den Unistudent nieft dem Training och mat senger Masteraarbecht beschäftegt. Mee zousätzlech dozou stellt hie sech Froen, wéi et mam Fechte weidergeet. Zemools well d’Olympesch Spiller verréckelt goufen. Wat geschitt mat de Qualifikatiounen? Wéi hält d’Saison op oder geet se weider? Wéi gesäit déi nächst Saison aus a wéini gëtt de Qualifikatiounstournoi fir d’Olympesch Spiller nogeholl?

Et gi vill Froen, mä wéineg Äntwerten. Momentan heescht et, sech weider fit halen an ofwaarden.

D’Serie “Sportler a Corona-Zäiten am Replay” am Replay

Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d’Zukunft Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA

Back to Top
CIM LOGO