
D'Organisateuren hunn et och dëst Joer nees fäerdeg bruecht, fir eng Partie Welt-, Europa- an och Olympiagewënner op Lëtzebuerg ze kréien.
Nei ass dëst Joer, dass den Euro-Meet als LEN-Swimming-CUP organiséiert gëtt. Den Euro-Meet mécht dobäi den Optakt vun enger Serie vu Competitiounen, déi dëse Stempel vun der europäescher Schwamm-Federatioun droen. Fir d'Organisateure ronderëm de Meet-Direkter Serge Hollerich ass dat eng zousätzlech Erausfuerderung.
Den Euro-Meet huet och dëst Joer nees ee ganz héijen internationalen Niveau. Fir déi éischte Kéier ass och d'Nationalekipp aus Italien mat derbäi.
Awer och Lëtzebuerger Athlete sinn um Depart, wéi de Raphaël Stacchiotti.
Nieft der staarker internationaler Konkurrenz sinn och eng Partie Lëtzebuerger Athleten dëse Weekend an der Coque um Depart.