
D'Marketa Davidova huet en Donneschdeg zu Antholz an Italien hiren éischte Biathlon-Weltcup an hirer Karriär gewonnen. Déi 22 Joer jonk Tschechin huet sech no engem feelerfräie Schéisse mat engem Virsprong vun 1,7 Sekonnen op d'Finnin Kaisa Mäkäräinen behaapt. Si hat eng Scheif net getraff. Um Podium stoung nach d'Marte Olsbu Röiseland. D'Norwegerin huet ee Feeler geschoss an hat e Retard vun 3,5 Sekonnen.
D'Leaderin am Gesamtweltcup, d'Dorothea Wierer, ass mat engem Feeler op déi 8. Plaz komm.