Coupe FLTD'Schéiss klappt d'Spora mat 7:1 a steet an der Finall

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg goufen am nationalen Tenniszenter zu Esch d'Halleffinalle vun der Coupe FLT gespillt.
© AFP (Archivbild)

Bei den Häre war et um Samschdeg schonn déi virgezunne Finall tëscht der Schéiss an der Spora. Um Enn konnt sech d'Schéiss duerch eng dach kloer 7:1-Victoire den Ticket fir d'Finall sécheren. An der zweeter Halleffinall war et tëscht Esch an dem Houwald ganz enk. Um Enn gouf et ee 4:4, ma Esch war am Vergläich besser a steet domadder um Sonndeg an der Finall.

Bei den Dammen hunn et d'Spora a Jonglënster an d'Finall gepackt. D'Spora huet sech e Samschdeg ganz souverän mat 4:0 géint den TC Nordstad behaapt. An der zweeter Halleffinall war et däitlech méi spannend. Hei gouf et um Enn eng 5:3-Victoire fir Jonglënster géint Gréiwemaacher.

LINK: D'Resultater vun den Dammen op flt.lu am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO