Ufanks September ass d'Noriicht komm, datt déi Lëtzebuerger Handball-Nationalspillerin Tina Welter e Kontrakt krut bei Frisch Auf! Göppingen aus der éischter däitscher Bundesliga. Et ass déi éischt Lëtzebuerger Handballspillerin, déi op deem Niveau aktiv ass.
E Kontrakt ze hunn an der 1. Däitscher Bundesliga, domat ass fir d’Tina Welter en Dram an Erfëllung gaangen.
D'Tina Welter ass och ënner den 9 Nominéierte fir d'Sportlerin vum Joer.
De Serge Olmo huet d'Lëtzebuergerin bei engem vun hire Matcher begleet.