ATP-FinalsDjokovic mécht am Optaktmatch kuerze Prozess mam Berrettini

RTL Lëtzebuerg
De Serb huet sech bei den ATP-Finals zu London am 1. Match vun der Gruppephas souverän mat 6:2 a 6:1 géint den Italiener behaapt.
© AFP

Am Tennis hunn e Sonndeg zu London d'ATP-Finals am Tennis ugefaangen. An zwou Gruppen trieden déi 8 bescht Tennisspiller vun dëser Saison géinteneen un.

Am Optaktmatch gouf et eng kloer Victoire fir den Novak Djokovic. D'Nummer 2 op der Welt huet sech an zwee Sätz mat 6:2 a 6:1 géint d'Nummer 8 am ATP-Ranking duerchgesat. De Match huet nëmmen eng Stonn a 4 Minutte gedauert.

Am Grupp A spillen de Spuenier Rafael Nadal, den Däitschen Alexander Zverev, de Russ Daniil Medvedev an de Griich Stefanos Tsitsipas. Am Grupp B moosse sech de Serb Novak Djokovic, de Schwäizer Roger Federer, den Éisträicher Dominik Thiem an den Italiener Matteo Berrettini.

Déi éischt 2 aus all Grupp kommen an d'Halleffinallen. D'Finall gëtt dann de 24. November an der O2-Arena zu London gespillt.

Als Titelverdeedeger geet den Alexander Zverev an den Tournoi.

Back to Top
CIM LOGO