
Fir d’Nummer 1 am Lëtzebuerger Para-Sport, den Tom Habscheid, ass dat och esou.
De Bommstousser kann aktuell wuel trainéieren a seng Form op engem anstännegen Niveau halen, sou intensiv wéi virum Confinement ass et awer net méiglech.
Et wier den Ament e bësse komplizéiert, well hien am Bänkdrécke wéinst dem Ofstand mat sengem Trainer net kéint bis u seng Limitte goen, well den Trainer net kéint iwwert him stoen. Et wier och ganz schwéier bei de Kniebeugen, well hien do net déi Këschten zur Verfügung hätt, sou den Athlet.