Lex CoronaDem Marc Theisen seng Recommandatioune fir d'Federatiounen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Corona-Kris hu schonns eng Partie Federatiounen mam Championnat opgehalen ...

... zum Beispill am Basket an am Handball. Et ass awer sécherlech net einfach, fir ëmmer déi richteg Decisiounen ze huelen. An dofir huet de Marc Theisen elo eng sougenannten “Lex Corona” ausgeschaft.

Lex Corona / Rep. Rich Simon

De fréieren COSL-President huet sech als Affekot op Sport-Recht spezialiséiert. Fir de Marc Theisen sinn d´Federatiounen den Ament an enger Situatioun, déi een net konnt virausgesinn. Firwat, Marc Theisen?

Well mir eis hei an engem Domaine beweegen, dee kee Mënsch an där heiten Dimensioun kannt huet. Well een och näischt direkt an de Statuten a Reglementer fënnt, wéi eng Federatioun sech wat fir eng Froe muss stellen, wéi de Championnat iwwerhaapt weider geet.”

Fir de Marc Theisen spillt de Federatiounen awer ee Krittär an d´Kaarten, fir hir Decisiounen ze huelen.

Doduerch, dass den nationalen Noutstand den 18. Mäerz deklaréiert gouf, dass ee keng Sport-Praktiken am Sënn vu Championnater, Kompetitiounen dobaussen däerf maachen an dass mir an engen Cas de force majeure sinn. Dat heescht, wann also elo e Verband raisonnablement gesäit, dass e säi Championnat net méi normal zu Enn brénge kann, dann ass et fir mech ganz kloer, dass si eng Decisioun kënnen huelen, fir d´Championnat ze stoppen.

De Marc Theisen recommandéiert de Federatiounen, keng Decisiounen ze huelen, ouni mat hire Veräiner geschwat ze hunn.

Fir nees op hir Basis zeréckzegoen. Dat heescht hir Veräiner ze froen an zwar mat juristesche Contrainten iwwer eng aussergewéinlech Generalversammlung oder eventuell iwwer ee Referendum mat enger Propos vum Verwaltungsrot, wa si missten ofstëmmen. Ech mengen op déi Aart a Weis kënnt een an eng Situatioun eran, wou een net brauch ze fäerten, dass ee Recourse kritt a wann der awer géife kommen, steet de Verband ganz propper do.

Dem Marc Theisen seng “Lex Corona” kënnt dir och hei integral liesen.

Back to Top
CIM LOGO