
En Vu vun der Alerte Jaune vu Meteolux wéinst den héije Wandvitessen ass de Spillcross zu Biissen en Donneschdeg ofgesot. Dat deelt d'LASEP an engem Mail mat. An dësem heescht et och, dass et net méiglech wier, den Evenement op en aneren Dag ze reportéieren.