
E Mëttwoch de Moien huet Ferrari annoncéiert, datt de Kontrakt mat hirem Formel-1-Pilot Charles Leclerc fréizäiteg verlängert ginn ass. Allerdéngs ass dobäi net preziséiert ginn, ëm wéi vill Joren.
Och de Monegass selwer huet op de soziale Medien d'Verlängerung vu sengem Vertrag mat emotionale Wierder annoncéiert. Ënnert dem Motto "Sempre Rosso" seet hien den Tifosi an de Leit zu Maranello Merci an den Dram vum maximalen Erfolleg wier nach ëmmer do: Weltmeeschter gi mat Ferrari.
An der Lescht ware Gerüchter opkomm, de Leclerc wéilt d'Ecurie wiesselen, well anzwousch anescht d'Chancë méi grouss wieren, fir Weltmeeschter ze ginn. Den 28 Joer ale Monegass fiert zanter 2019 fir Ferrari an huet dëse Weekend mam Grousse Präis vu Monaco säin Heem-Grand-Prix virun der Broscht, deen Dir live op RTL kënnt suivéieren.