Am PortraitDe Primaner a Golfer Charel Weis

Christophe Hochard
Wéi ëmgoe mat der ablécklecher Situatioun a Corona-Zäiten als Primaner kuerz virun den Examen an als ambitionéierte Golfer?
De Golfer a Primaner Charel Weis
Zanter ville Jore sinn d’Golf-Terrainen nieft der Schoul dem jonke Mann säin zweet Doheem.

Zanter ville Jore sinn d’Golf-Terrainen nieft der Schoul dem Charel Weis säin zweet Doheem. Mam Ufank vun der Corona-Kris ass de Sport och fir den 19 Joer jonke Mann méi an den Hannergrond geroden. Op Première, Sektioun D, dat heescht Eko, ass de Charel Weis dëst Schouljoer.

De Plang no der Zäit am Sportlycée ass och schonn duerchduecht. Am Januar huet de Charel Weis sech op der Uni zu Aix-en-Provence ugemellt. Ekonomie well hien studéieren. Duerch déi ablécklech Pandemie begrenzt sech säin Training op de Gaart hannert dem Elterenhaus. Als duerchwuesse beschreift de Charel Weis d’Saison 2019.

Back to Top
CIM LOGO