FLF-KongressDe Manktem un Arbitteren ass dramatesch

RTL Lëtzebuerg
Wann 2 bis 3 Arbittere géifen op engem Weekend ausfalen, kéinten net méi all d'Seniorsmatcher gespillt ginn, sou de President Paul Philipp.
FLF-Kongress: De Manktem un Arbitteren ass dramatesch
Wann 2 bis 3 Arbittere géifen op engem Weekend ausfalen, kéinten net méi all d'Seniorsmatcher gespillt ginn, sou de President Paul Philipp.

An Zäit vun 2 Stonnen war den rouegen 101. Kongress vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun zu Käerjeng eriwwer. Den FLF-President Paul Philipp huet op en neits de Manktem un Arbitter ugeschwat. Et ass esou dramatesch, datt wann 2-3 Arbitter géifen op engem Weekend ausfalen, esouguer net méi all d'Seniorsmatcher kéinte gespillt ginn. De Paul Philipp huet an deem Kontext méi Fair-Play, Respekt a savoir-vivre vis-à-vis vun den Onparteischen gefrot.

No verschidden Incidenten am Futsal, wären elo Dirigenten vum Futtball an der Hal gefuerdert, fir géint eng Minoritéit virzegoen, déi dëser Disziplin schueden. De Sportminister Dan Kersch huet an senger Interventioun gesot, datt bei der Reform vum Congé Sportif, an Zukunft och Leit aus de Veräiner, no bestëmmte Kritären, solle kënne profitéieren.

De Jean-Marie Mossong vu Gaasperech huet bei senger Wuertmeldung vill Applaus kritt, wéi hien eng Problematik am Jugendfuttball ugeschwat huet. Grouss Veräiner géifen deene klenge Clibb d'Spiller ewech huelen, konkret huet hien de Racing ugeschwat. Och Trainer vun der FLF géifen Jugendnationalspiller a méi grouss Clibb lootsen, esou de President vum Tricolore.

De Jean-Marie Mossong

Bei de Changementer vun de Reglementer gouf ënnert anerem festgehalen, datt e Kand och nach eng sougenannten éischt Lizenz hei zu Lëtzebuerg ka kréien, och wann et schonn eng am Ausland hat. Konditioun ass, datt dat Kand nei méi wéi 10 Joer al ass, wann d'Lizenz bei der FLF ugefrot gëtt.

Bei de Finanzen huet d'FLF an der Period 2018-2019 e Benefice vun 995.000 Euro gemaach, dovu goufen 782.000 Euro un d'Veräiner ausbezuelt.

Back to Top
CIM LOGO