Foto vu Paiziedel geleaktDe Golkipper Keylor Navas soll am Mount iwwer 615.000€ verdéngen

RTL Lëtzebuerg
Op de sozialen Netzwierker zirkuléiert am Moment e Paiziedel, deen anscheinend dem PSG-Kipper Keylor Navas gehéiere soll.
© Twitter

Sollt et sech bei dëser Fiche wierklech ëm dem Keylor Navas säi Paiziedel handelen, da géif den Ex-Golkipper vu Real Madrid eng astronomesch Pai all Mount vum PSG kréien.

© Twitter

Rieds geet hei vun 860.000€, déi de Futtballer soll all Mount brutto kréien. Um Enn géifen e bësse méi wéi 615.000€ netto iwwreg bleiwen .

An dëser Zomm ass iwwregens och eng sougenannte "prime d'éthique" mat dran, déi sech op 143.922€ beleeft.

Back to Top
CIM LOGO