
Och wann d'Ufanksphas ausgeglach war, huet sech mam weider Spillverlaf ëmmer méi gewisen wien déi besser Ekipp ass. Sou ass Dänemark mat engem Virsprong vu 7 Goler an d'Paus gaangen. Bis zum Schluss soll sech de Réckstand vun den Norweger nach weider op 9 Goler vergréisseren, sou dass de Match mat 31:22 op en Enn geet. D'Dänen hu sech mat enger méi wéi staarker Leeschtung belount a kënne sech verdéngt als neie Weltmeeschter kréine loossen.

Méi knapps war et e Sonndeg de Mëtteg am Match ëm déi 3. Plaz, wou sech Frankräich an der leschter Sekonn mat 26:25 géint Däitschland duerchgesat a sech soumat Bronz geséchert huet.
