LiichtathletikCharel Grethen leeft neie Lëtzebuerger Rekord iwwer eng Meil
RTL Lëtzebuerg
Bei engem internationale Liichtathletikmeeting zu New York an den USA ass de Charel Grethen e neie Lëtzebuerger Rekord iwwert Meil gelaf.
Update: 04.12.2025 09:23
De Chrono ass bei 3 Minutten, 55 Sekonnen an enger Honnertstel stoe bliwwen. Den 31 Joer ale Grethen huet deen ale Rekord vum Vivien Henz vun zejoert ëm zwou Sekonnen an 46 Honnertstel verbessert.