Volleyball-ChampionnatVictoirë fir Stroossen a Luerenzweiler bei den Hären

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme gouf et ë.a. e klore Succès fir d'Gym.
© Miny / pressphoto (Archiv)

E Samschdeg den Owend war am Volleyball-Championnat bei den Dammen a bei den Hären de 2. Spilldag.

Hären

De VC Stroossen, dee jo um 1. Spilldag spillfräi hat, konnt sech auswäerts um Belair souverän mat 3:0 (25:10, 25:23, 25:9) behaapten.
Weider 3:0-Succèse gouf et fir Bartreng géint Fenteng a fir Luerenzweiler zu Iechternach.

Bartreng huet et am 1. Saz spannend gemaach a konnt dee Saz knapp mat 25:23 wannen. D'Gäscht hunn am 2. an 3. Set nogelooss an hunn déi mat 20:25 a 16:25 ofginn.

Iechternach hat doheem keng Chance géint Luerenzweiler an huet déi éischt zwee Sätz mat 17:25 an 18:25 verluer. Duerno huet d'Heemekipp nach eng Kéier alles ginn, um Enn goung dee Saz och mat 25:22 un d'Gäscht.

________________________________________________

Dammen

Bei den Damme gouf et um 2. Spilldag eng 0:3-Heemdefaite fir Iechternach. Mat 20:25, 10:25, 20:25 huet ee sech musse géint Mamer geschloe ginn.

D'Gym konnt sech 3:0 (25:12, 25:8, 25:14) géint de Belair duerchsetzen an huet just 34 Punkte fir d'Géignerinnen zougelooss.
Donieft konnt Walfer 3:1 géint Stengefort gewannen a Fenteng huet zu Bartreng mat 1:3 de Kierzere gezunn.

No der Néierlag um 1. Spilldag géint d'Gym huet Walfer an der Partie géint Stengefort och den 1. Saz missen ofinn (17:25). An der Suite konnt ee sech steigeren an déi nächst 3 Sätz gounge mat 25:19, 25:23 a 25:17 un d'Heemekipp.

Back to Top
CIM LOGO