Liichtathletik-ChampionnatChampionstitel fir de Bob Bertemes am Bommstoussen

RTL Lëtzebuerg
Op de 5.000 Meter konnt sech de Bob Bertemes zu Diddeleng de Championstitel virum Pol Mellina an dem Yonas Kinde sécheren.
Liichtathletik-Championnat
Um Sonndeg gouf et beim nationale Liichtathletik-Championnat een neien nationale Rekord vum Noémie Pleimling am Speerwerfen.

Am Bommstoussen konnt sech wéi erwaart ganz däitlech de Bob Bertemes mat 20,33 Meter virum Valentin Moll (18,59 Meter) duerchsetzen. Drëtte gouf de Benjamin Michel mat 12,24 Meter.

Eng Victoire gouf et och fir den anere Bob Bertemes bei de 5.000 Meter an enger Zäit vun 15 Minutten 4 Sekonnen a 77 Honnertstel. Zweeten gouf de Pol Mellina mat engem Retard vu 4,89 Sekonnen. Drëtten gouf de Yonas Kinde.

Bei den 1.500 Meter vun den Dammen konnt sech d’Vera Hoffmann an enger Zäit vun 4 Minutten 24 Sekonnen a 56 Honnertstel virum Lena Kieffer an dem Martine Mellina duerchsetzen.

PDF Schreiwes FLA

Back to Top
CIM LOGO