De Sportler vum Joer 2019 lieft an trainéiert zu Mannheim a kann an dësem Moment natierlech keng Kompetitioune maachen. Mam Status vum Elittesportler bei der Arméi hei zu Lëtzebuerg geet et him besser wéi munch anerem Toppathlet. De Bob Bertemes gehéiert zu der Weltklass am Bommstoussen an huet seng Qualifikatioun fir Tokyo 2021 an der Täsch. Am Moment fält et dem Bielesser Athlet net alt ze schwéier, fir eng gewësse Form ze halen an ze trainéieren.
Net an alle Länner profitéieren d’Athlete vun de selwechte Konditiounen, dowéinst hofft de Bob Bertemes och, datt d’Europameeschterschafte vu Paräis Enn August verréckelt ginn.
Ass ee keen Toppstar an der Liichtathletik, sou gëtt et am Ament finanziell ganz schwéier. Als Sportzaldot an der Lëtzebuerger Arméi ass dës Situatioun fir de Bommstéisser awer e bësse méi einfach. D’Moral vum Toppathlet ass gutt a soubal et nees weider geet, ass mat gudde Resultater ze rechnen.
Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d’Zukunft Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D’Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D’Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher Serie Sportler a Corona-Zäiten (20): Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank Serie Sportler a Corona-Zäiten (21): Alex Kirsch profitéiert den Ament, doheem ze sinn Serie Sportler a Corona-Zäiten (22): Kee Lockdown a Schweden, dofir kann den Eric Glod weider trainéieren