JudoBei der Flam ass ee frou, datt een endlech nees trainéieren dierf

Tim Hensgen
De Judo ass eng vun de Sportaarten, déi am meeschten ënnert de Restriktioune gelidden hunn. Aktuell ass an de Veräiner keen Training mat Kontakt méiglech.
Et wier ee beim Judo frou, wann een nees trainéieren dierft.
De Judo ass eng vun de Sportaarten, déi am meeschten ënnert de Restriktioune gelidden hunn. Aktuell ass an de Veräiner keen Training mat Kontakt méiglech.

Nëmmen d’Nationalekipp dierf ouni gréisser Aschränkung trainéieren. Dat heescht awer net, dass ee bei der Federatioun net weiderhi grousse Respekt virun der sanitärer Situatioun huet. Sech um Tatami fräi a mat Partner beweegen. En Gefill, dat déi Lëtzebuerger Judoka an dem leschte Joer nëmme ganz seelen haten. Vu Mëtt Mäerz bis Mëtt Juli war den Training mat Kierperkontakt verbueden an zanterhier gréisstendeels ageschränkt. Dofir ass ee bei der Flam frou, dass d’Nationalekipp zanter dem 11.1. erëm am Grupp trainéieren dierf. Trotzdeem probéiert een, de Risk vun enger Infektioun sou kleng ewéi méiglech ze halen. Et well een déi gewonne Fräiheet net erëm verléieren.

Den neien Nationaltrainer Jasper Huitsing hätt sech seng éischt Traininge mat sengem Kader wuel anescht virgestallt, mee den Hollänner weess, wéi schwéier et an der aktueller Situatioun fir de Judo ass.

De Groussdeel vun den Athleten huet ronn ee Joer keng Competitioun méi gemaach. A virun allem fir de Claudio Nunes Dos Santos ass dat problematesch, well den Athlet aus dem Cosl-Elittekader kämpft weider ëm d’Qualifikatioun fir d’olympesch Spiller. An deenen leschten 11 Méint waren awer nëmmen 2 Competitiounen a bis Mäerz ass schonn erëm alles ofgesot.

D’Situatioun bleift deemno weider komplizéiert. Mee et wëll ee sech bei der Flam Judo net ze vill beschwéieren. Et kann een erëm trainéieren. An et hofft een, dass dat an noer Zukunft och an de Veräiner erëm méiglech ass.

Back to Top
CIM LOGO