
E Samschdeg den Owend hunn d’Beefort Knights an der 1. Divisioun am belsche Championnat géint Olympia Heist gespillt.
Déi Beeforter hu virun den eegene Spectateuren géint den Tabellenéischten Olympia Heist um Enn mat 11:0 gewonnen.
D’Gäscht aus der Belsch sinn duerch hiert haart Spill opgefall an no den dräimol 20 Minutten hate si 91 Strofminutten op hirem Kont.
Den éischte Bully huet den Dylan Pereira gemaach.