NFL - Wild Card RoundBears scheiteren u Potto - Eagles, Chargers, Colts a Cowboys weider

RTL Lëtzebuerg
Déi éischt Ronn vun de Playoffs an der NFL ass eriwwer an domat sinn d'Playoffs och schonns fir déi éischt 4 Ekippen eriwwer.
De Cody Parkey verpasst de Field Goal.
De Cody Parkey verpasst de Field Goal.
© AFP

Den Iwwerbléck vun der Wild Card Round

Indianapolis Colts - Houston Texans 21:7

D'Indianapolis Colts konnte sech opgrond vun enger staarker éischter Hallschent fir déi zweet Ronn vun de Playoffs qualifizéieren. D'Ekipp ëm de Quarterback Andrew Luck hat een iwwerraschend gudde Start erwëscht a konnt direkt am éischten Drive een Touchdown realiséieren. Och hiren zweeten Drive sollt erfollegräich sinn, do war et nämlech de Running Back Marlon Mack, deen de Ball an d'Endzon gedroen huet. Nach virun der Paus konnten Colts esouguer op 21:0 stellen. Vun den Texans, déi an der Regular Season esou staark waren, war kaum eppes ze gesinn. D'Texans konnten an der zweeter Hallschent nëmmen nach op 7:21 verkierzen an esou ass och fir d'Ekipp vu Houston den Dram vum Super Bowl schonns eriwwer.

Seattle Seahawks - Dallas Cowboys 22:24

Eng ganz spannend Partie gouf et an der Nuecht op e Sonndeg, wou d'Seattle Seahawks an d'Dallas Cowboys sech géigeniwwer stoungen. Um Enn konnten d'Cowboys sech do mat 24:22 duerchsetzen, dat nodeems een Onside Kick vum Punter an Ersatz-Kicker Michael Dickson net funktionéiert hat. Do virdrun hätt een awer net gemengt, dass et nach eemol esou spannend géif ginn, well kuerz virum Two-Minute-Warning hat den Dallas-Quarterback Dak Prescott mat engem Rushing-Touchdown u sech schonn den Deckel dropgemaach. De Russell Wilson an d'Seahawks konnten awer tatsächlech nach eemol äntweren, dat mat engem Touchdown vum Mckissic. Um Enn war et dunn eben den Onside Kick, dee vun de Cowboys recuperéiert gouf an esou war et eriwwer.

Los Angeles Chargers - Baltimore Ravens 23:17

D'Los Angeles Chargers hu sech zu enger 23:17-Victoire geziddert. Et stoung 23:3, ewéi d'Ravens am leschte Véierel nach eemol opgedréint hunn. De Lamar Jackson, dee bis heihinner alles aneschters ewéi iwwerzeegend war, konnt hei richteg opdréinen an huet zwou Touchdown-Päss geheit an d'Ravens koume knapp 1 Minutt viru Schluss nach eemol un de Ball an haten also d'Chance, d'Partie mat engem Touchdown plus Extrapunkt fir sech ze entscheeden. An dëser entscheedender Phas huet de jonke Quarterback allerdéngs de Ball verluer an domat och de Match fir seng Ekipp.

Philadelphia Eagles - Chicago Bears 16:15

D'Chicago Bears konnten et kaum gleewen. Et waren nëmmen nach wéineg Sekonnen op der Auer an de Cody Parkey hat d'Chance beim Stand vu 15:16, d'Bears mat engem Field-Goal-Versuch aus enger Distanz vun 43 Yards an déi nächst Ronn ze bréngen, ma de Kicker vun Chicago huet nëmmen de Potto getraff an dat direkt zweemol, esou dass den Dram Titelverdeedegung fir d'Philadelphia Eagles weider lieft. Fir d'Bears ass d'Aventure Playoffs dofir allerdéngs schonns eriwwer.

Wéi geet et weider?

AFC Divisional Games:
#6 Indianapolis Colts at #1 Kansas City Chiefs

#5 Los Angeles Chargers at #2 New England Patriots

NFC Divisional Games:
#6 Philadelphia Eagles at #1 New Orleans Saints

#4 Dallas Cowboys at #2 Los Angeles Rams

Dono spillen d'Gewënner aus den Divisional Games géinteneen, fir erauszefannen, wie Conference-Champion gëtt a wie sech domat en Ticket fir de Super Bowl séchere kann. De Super Bowl LIII ass den 3. Februar zu Atlanta.

Back to Top
CIM LOGO