
De Champion Etzella Ettelbréck huet d’Amicale Steesel 116:69 iwwerrannt. Schonn an der Paus louch d’Lokalekipp 59:30 a Féierung. Am drëtte Véierel huet de Steeseler Trainer Daniel Brandao no der zweeter perséinlecher Faute Technique mussen aus der Hal goen. Ettelbréck huet an dëser Partie 22 Dräier getraff, en néien Héchstwäert dës Saison. Den Adrian Delph hat um Enn 27 Punkten um perséinleche Kont, dorënner 7 Dräier.
D’Résidence Walfer huet mat enger 94:86-Victoire auswäerts géint den AB Conter e grousse Schrëtt a Richtung Playoffs gemaach. Den John Slajchert (30 Punkten) an de Brendan Bailey (29) hunn als Duo iwwerzeegt.
Wichteg Punkten am Kampf ëm d’Plazen an de Playoffs goufen et fir d’Kordall Steelers, déi sech 91:73 auswäerts géint de Basket Esch duerchgesat hunn. Mat 28 Punkte konnt den Erik Timko bei de Gäscht iwwerzeegen. Esch konnt den Ausfall vum Clancy Rugg net kompenséieren.
Spannend war de Match tëschent Mamer an Diddeleng. Den Alan Bedirhanoglu huet den entscheedenden Dräier mat Briet kuerz viru Schluss getraff, an d’Lokalekipp huet sech domat 100:97 behaapt. Hie koum um Enn op 23 Punkten, genee esou vill wéi den Terry Winn.
Schonn e Freideg hat d’Sparta Bartreng 87:54 géint d’Musel Pikes gewonnen a war esou un der Tabellespëtzt bliwwen. D’Gäscht hate wuel 9:0 a Féierung geleeën, duerno hat d’Lokalekipp awer dominéiert a fréi fir d’Entscheedung gesuergt. De Yannick Verbeelen (18 Punkten) a Max Logelin (14 Punkten) hate bei der Sparta am beschte getraff.
De Co-Leader Arantia hat donieft de Stater Racing mat 116:95 deklasséiert . D’Lokalekipp hat an der Paus mat 73:43 a Féierung geleeën an hat schonn 12 Dräier virum Säitewiessel getraff. Am drëtte Véierel hat d’Arantia d'100-Punkte-Mark geknackt, Spannung sollt an deem Match keng opkommen. Fënnef Spiller bei der Arantia haten zweestelleg getraff, 27 Punkten waren op de Kont vum Anthony Carter gaangen.