
Den 1. September 2019 fält zu Rouspert de Startschoss fir deen éischte Cross-Triathlon hei zu Lëtzebuerg. An do heescht et net manner wéi 1,5 Kilometer duerch d'Sauer schwammen, 30 Kilometer Mountainbike duerch de Bësch fueren an 10 Kilometer Cross lafen. Op der ganzer Welt organiséiert Xterra Offroad-Courssen an -Triathlonen an ass sou ze soen den Expert op dësem Gebitt. Fir si stellt Rouspert genee déi richteg Viraussetzungen fir esou eng Course, sou de Frank Badoux, Manager vun Xterra.
Dëst Joer organiséiere si bis zu 50 sou Sportsevenementer iwwert de ganze Globus verdeelt. An dës Zort vun Triathlon géing sech och vun der klassescher Form ënnerscheeden. Virun allem, well ee bei engem normalen Triathlon iwwert Strooss leeft a Vëlo fiert. Bei hiren Cross-Triathlonen an Trailen géing dofir e ganz anere Feeling opkommen.
Fir den Ament kéint een nach net soen, op bekannten Nimm zu Rouspert mat un den Depart ginn, ma hir Evenementer wiere bekannt a géingen och ëmmer Top-Athleten unzéien.
Mee net nëmme Profie kommen hei op hir Käschten. Och schonn den Dag virdrun, Samschdes den 31. August ginn et Competitioune fir Grouss a Kleng.
Vun elo un, kann ee sech dann op hirem Site www.xterra-luxembourg.lu umellen.