
Bei der Biathlon-Weltmeeschterschaft zu Antholz an Italien stoung um Samschdeg de Sprint bei den Hären um Programm. No 10 Kilometer war et de Russ Alexandr Loginov, deen de Parcours an 22 Minutten 48 Sekonnen an enger Zéngtel absolvéiert hat a sech soumat d’Goldmedail séchere konnt. Zweete gouf de Fransous Quentin Fillon Maillet viru sengem Landsmann Martin Fourcade. Si haten e Retard vu 6 respektiv 19 Sekonnen.
Den Tarjei Bö koum bëssen iwwerraschend net iwwert déi 4. Plaz eraus, dëst viru sengem Bruder Johannes Thingnes Bö.