Schwéieren Accident mam HandbikeAlex Zanardi no Operatioun stabil awer weider a kriteschem Zoustand

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass d'Ongléck e Freideg den Owend op enger Etapp vun der Handvëloscourse "Obiettivo Tricolore" an der Toskana.
Alex Zanardi no uergem Accident a kriteschem Zoustand
Geschitt ass d’Ongléck e Freideg op enger Etapp vun der Handvëloscourse “Obiettivo Tricolore” an der Toskana. De fréiere Formel-1-Pilot ass an e Camion gerannt.

De fréiere Formel-1-Pilot, deen och an der DTM, der WTCC an der IndyCar-Serie aktiv war, soll mat engem Camion op der Landstrooss an der Géigend vu Pienza kollidéiert sinn, sou d’Noriichtenagence ANSA. D’Accident soll geschitt sinn, wéi den 53 Joer alen Italiener ee Bierg erofgefuer ass, hien d’Kontroll verluer huet an de Géigeverkéier geroden ass an en du mat engem Camion kollidéiert ass, sou d’Gazzetta dello Sport.

An engem Schreiwes vun der Klinick huet et e Freideg den Owend geheescht: “Alex Zanardi, Motorsportler, Paracyclist an Tëleemoderator, gouf an d’Klinick Santa Maria alle Scotte an engem ganz eeschten Zoustand ageliwwert. Hie war an een Accident an der Provënz Siena verwéckelt.”

“Den Zanardi gouf mat engem Rettungshelikopter transportéiert an ass um 18 Auer an der Klinick gelant. Hie gouf direkt vu Spezialisten an der Urgence betreit an am Schockraum ënnersicht. Säin Zoustand ass op Grond vun den uerge Blessuren um Kapp ganz eescht.”

Méi spéit um Owend koum d’Nouvelle aus der Klinick, datt den 53 Joer alen Italiener vun 19 bis 21.30 Auer am Gesiicht- a Kiferberäich operéiert gouf. “De Patient gouf mat enger zeréckhalender Prognos op d’Intensivstatioun transferéiert.”

Liicht besser Noriichten um Samschdeg de Moien. Do hunn italienesch Medien gemellt, datt den Alex Zanardi aktuell stabil wier, säin Zoustand wier awer weider kritesch.

Den Zanardi, deen no engem uergen Accident seng Been verluer hat, war an de leschte Joren immens erfollegräich mam Handbike an huet bei de Paralympics och schonns puermol Gold gewonnen.

Den Alex Zanardi bei de 24 Stonne Spa am Joer 2015.
Den Alex Zanardi bei de 24 Stonne Spa am Joer 2015.
© Romain Scheffen

Back to Top
CIM LOGO