HandballNina Kanto iwwerhëlt den Trainerposte bei der Dammennationalekipp

Sam Rickal
Nodeem de Michel Scheuren annoncéiert hat, datt hie säi Kontrakt mat der FLH net verlängert, huet d'Handballfederatioun en neien Trainer fir d'Dammennationalekipp gesicht.
D'Nina Kanto op der Handball WM 2015 an Dänemark bei der Partie tëscht Frankräich an der demokratescher Republik Kongo.
D'Nina Kanto op der Handball WM 2015 an Dänemark bei der Partie tëscht Frankräich an der demokratescher Republik Kongo.
© JONATHAN NACKSTRAND/AFP

Wéi déi Lëtzebuerger Handballfederatioun en Donneschdeg matgedeelt huet, gëtt d'Nina Kanto déi nei Lëtzebuerger Dammennationaltrainerin.

Domadder iwwerhëlt déi 42 Joer al Franséisin d'Successioun vum Michel Scheuren, dee virun engem Mount bekannt ginn huet, säi Kontrakt als Dammennationaltrainer net ze verlängeren.
D'Kanto huet iwwer 200 Lännermatcher fir déi franséisch Nationalekipp gespillt. Si gouf mat Metz 11 Mol Champion, do war si och als Trainerin vun der zweeter Ekipp aktiv.

Back to Top
CIM LOGO