Nei Handballnationaltrainerin"Natierlech ass d'Dier fir keen zou", esou d'Nina Kanto

Serge Olmo
Déi fréier franséisch Nationalspillerin steet scho méi laang a Kontakt mat Lëtzebuerger Nationalspillerinnen a potentiellen Internationalen.
© Serge Olmo

Vun Enn leschter Woch bis de Weekend mat war am Gymnase vun de Coque de Final4 am Handball. Virum Ufank vun den Dammekompetitioune gouf déi nei Dammennationaltrainerin presentéiert. Mir ware bei der Pressekonferenz dobäi an hunn och de President vun der Federatioun fir e Bilan vum Final4 gefrot.

Handballmagazin: Nei Trainerin fir d'Dammennationalekipp / Reportage Serge Olmo

Déi 42 Joer al fréier franséisch Nationalspillerin Nina Kanto iwwerhëlt de Poste vun der Dammennationaltrainerin.

D'Kanto huet iwwer 200 Lännermatcher fir Frankräich gespillt a gouf mat Metz 11 Mol Champion. A Presenz vum President Romain Schockmel an dem Directeur Technique National Alexandre Scheubel, deen en éischte Kontakt hiergestallt hat, huet déi nei Nationaltrainerin matgedeelt, dass si schonn eng Zäit mat de Responsabele vun der Federatioun a Kontakt stoung. Si bleift awer och d'Cheffin vum Nowuesszentrum vum HB Metz. Dat wär fir si e logesche Schratt.

"Fir mech war dat eigentlech ganz konsequent, well d'Spillerinnen, déi ech am Centre trainéieren, sinn tëscht 17 an 22 Joer al. D'Spillerinnen an der lëtzebuergescher Selektioun hunn ongeféier dee selwechten Alter. Ech mengen also, datt mir am selwechte Prozess sinn, wat den Austausch an d'Weiderginn ugeet. An ech géif virun allem gären dësen Niveau u Fuerderung an Engagement op Lëtzebuerg bréngen. Dat kléngt vläicht ambitiéis oder esouguer e bësse verréckt, mee ech sinn iwwerzeegt, datt, wann een de richtegen Usaz bei dëser jonker Generatioun fënnt, een dat och packe kann."

Déi fréier Weltklass-Kreesleeferin huet schonn am Virfeld Kontakt gehat mat Nationalspillerinnen oder potentiellen Internationalen. Intressant war, datt d'Nina Kanto ugedeit huet, datt d'Eva Guistiniani vun Toulon aus der éischter Franséischer Divisioun a Fro kéint kommen, fir bei d'Rout Léiwinnen ze stoussen. Allgemeng hat d'Kanto fir de Final4-Weekend konkret Virstellunge fir den FLH-Kader.

"Natierlech ass d'Dier fir keen zou. Meng Präsenz haut ass grad dofir, fir e Maximum u Visibilitéit iwwer déi Spillerinnen ze kréien, déi a Fro kéinte kommen. Ech hu mir och d'Lëschte vun de viregte Selektioune gefrot, fir e bëssen ze kucken, wien do prioriséiert gouf, mee haut ass d’Dier fir jiddereen op. Ech géif gären no dësem Weekend mat enger erweiderter Lëscht vu ronn 25 Spillerinnen erausgoen, an dono kucken, wien an de Projet passt. Well et wäert eng Grupp sinn, déi sech muss gutt zesummefannen, an op jidder Fall brauche mir och déi Erfueren. Mir kënnen net nëmme mat Jonken ufänken."

Elo ass deemno gewosst, wien d'Damme wäert trainéieren. Am Dossier Nationaltrainer bei den Hären ass een nach net esou wäit, confirméiert den FLH-President Romain Schockmel.

"Wann ech et géif wëssen, da géif ech et soen. Et ass e ganzt strukturéiert Sichen. Ech ginn dovun aus, datt, wann een dat Ganzt am Zesummenhang gesäit – tëscht dem neien Nationaltrainer an der Jugendaarbecht – d'Resultater sech op Dauer positiv entwéckelen, souwuel bei den Damme wéi och bei den Hären. En Niveau ze erreechen, wou et méiglech ass, sech fir eng Haaptronn am Kader vun enger europäescher Kompetitioun ze qualifizéieren, ass kloer en Zil fir d'Zukunft."

Fir de President vun der FLH war et onofhängeg vun der Presentatioun vum Nina Kanto e ganz gudde Final4-Cru.

"Et wäert schwéier sinn, een ze fannen, dee seet, datt d'Bilanz net positiv oder souguer ganz positiv ass. Ech si schonn eng Zäit an deem Sport ënnerwee, an d'Ekipp waren esou agestallt, esou motivéiert, an et war wierklech net einfach. Si ware vun der éischter Sekonn un do. Et war kloer ze gesinn, d'Ekipp huet gekämpft, si war gutt agestallt."

An den Haaptkategorien, bei de Senior-Dammen an -Hären, hu jo respektiv den HB Käerjeng an den HB Esch d'Coupe gewonnen an dat zwee Mol no ganz spannende Finallen.

Back to Top
CIM LOGO