
Den Handballnationaltrainer bei den Hären, de Maik Handschke, an déi Lëtzebuerger Handballfederatioun gi getrennte Weeër. Dat huet d’FLH an engem Communiqué en Donneschdeg de Moien annoncéiert. Op RTL-Nofro hin huet de President vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun, den Dr. Romain Schockmel, Stellung zu dëser Decisioun bezunn.
Dr. Romain Schockmel: “D’Decisioun, d’Zesummenaarbecht mam Nationaltrainer op en Enn ze bréngen, steet am Kader vun enger néideger Restrukturéierung. Sou gouf dës no enger ëmfaassender Analys vun der Situatioun an deene bis elo erreechte Resultater geholl, am Verglach mam grousse Potential, dat am Moment, géif ech soen, an dëser jonker Ekipp stécht. Et ass awer wichteg ze betounen, datt dës Decisioun de Wäert vum Trainer net onbedéngt a Fro stellt, well mir haten och gutt Resultater wärend där Period. Op dësem Niveau kann et eebe virkommen, datt de Message net méi sou ukënnt, wéi et néideg wier, wat d’Erreeche vun den Ziler hënnere kann. An dësem Kontext gouf dann no 10 Joer als noutwendeg ugesinn, en neien Impuls ze setzen, fir der Ekipp d’Méiglechkeet ze ginn, hiert vollt Potenzial auszeschëpfen an déi erwaarte Resultater ze erreechen. Et gëtt keen eenzege Grond, awer mir waren op de Stand elo ukomm, wou et, fir weider ze kommen, noutwendeg war, fir eng nei Dynamik an d’Ekipp ze bréngen. Mir hate Schwieregkeeten, d’Aarbecht am Training a konkreet Leeschtungen an de Kompetitiounen ëmzesetzen. Ech weess awer genau, datt e grousse Potenzial an der Ekipp stécht. Deen Zyklus ass eeben no 10 Joer Zesummenaarbecht op en Enn komm a mir brauchen einfach en neien Impuls, fir d’Entwécklung vun enger jonker Ekipp optimal ze begleeden.”
Reaktioun vum FLH-President Dr. Romain Schockmel op d’Trennung vum Maik Handschke
Scho méi laang goufen et Rumeuren, wéi wann sech d‘FLH an de Maik Handschke trenne géifen. Spéitstens zënter dem RTL-Interview mam FLH-President Enn Dezember 2025. D‘Resultater an d‘Leeschtunge vun der Hären-Nationalekipp hunn an deene leschte Joren net den Erwaardunge vum FLH-Kommitee entsprach. Zum Beispill an de Qualifikatiounsmatcher géint d‘Belsch am Mäerz 2025. Och de Stage Mëtt Mäerz dëst Joer war ofgesot ginn. Hei hat d‘Federatioun Verletzungsgrënn an eng Paus fir d‘Spiller als Grond genannt. E Successeur fir de Maik Handschke steet awer nach net fest.
De Maik Handschke war 2017 als Techneschen Direkter op Lëtzebuerg komm a sollt dem Lëtzebuerger Handball eng Neiausriichtung ginn. Ënnert him goufen déi éischt Kooperatioune mat däitschen Handball-Akademië lancéiert. Mëttlerweil spillen iwwer eng Dose Lëtzebuerger Jugendspiller an Däitschland. Nom Aus vun Nikola Malesevic Ufank 2024 hat den Handschke d’Nationalekipp interimsméisseg iwwerholl, éier hien am Abrëll 2024 fix dozou beruff gouf.
Zu deem Zäitpunkt hat d‘FLH eng gréisser Personalrochad duerchgeféiert. De Fransous Alexandre Scheubel hat de Poste vum Directeur technique vum Handschke iwwerholl, wärend de Michel Scheuren de Scheubel als Dammen-Nationaltrainer ersat hat. De Scheuren hat dem Kommitee vun der FLH virun e puer Woche matgedeelt, dass hie säi Vertrag net verlängere wéilt. Domat muss d‘FLH elo no zwee neien Traineren Ausschau halen. An en neien Directeur sportif oder Directeur général gëtt och nach gesicht. Der FLH stinn interessant Méint an d’Haus, e Successeur fir de Maik Handschke steet awer nach net fest.
Dr. Romain Schockmel: “Ech géif do léiwer net vun Nimm schwätzen, well den definitiven Nofollger nach net feststeet. Ech wëll éischter iwwer de Profil schwätzen, dee fir dësen Trainer gesicht gëtt. Hie sollt schonn nogewisen hunn, datt hie Resultater mat enger ambitionéierter Ekipp erreecht huet. Villäicht net onbedéngt dat selwecht Resultat erreechen, wéi eng Weltmeeschterschaft. Ech mengen, do si mir realistesch. Mee et soll awer och méiglech sinn, mat eiser jonker Ekipp dat op eisem Niveau ëmzesetzen. Nieft senger Erfarung ass et wichteg, datt hien et fäerdeg bréngt, dat grousst Potential vun eiser jonker Ekipp ze mobiliséieren an ze entwéckelen, fir si dozou ze bréngen Géigner ze schloen, déi eis aktuell nach schwéier ze iwwerwanne schéngen.”
Déi Lëtzebuerger Handballfederatioun huet donieft en Donneschdeg hir Assemblée Générale fir de 4. Juli annoncéiert.