Béid Veräiner akzeptéieren Decisioun vum CLASLeschte Fräiworf an der Partie Esch-Diddeleng muss nei geworf ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'"Commission Luxembourgeoise d’Arbitrage pour le Sport", kuerz genannt CLAS, decidéiert. Diddeleng krut an der zweeter Instanz Recht, Esch huet dës Decisioun net akzeptéiert.
© Fernand Schmitz (Archiv)

Wat war geschitt? Déi lescht Minutte vum Match tëscht dem HD Diddeleng géint den Handball Esch vum 27. September 2025 ware chaotesch. Den HBD krut an der leschter Aktioun en direkte Fräiworf zougesprach. D’Auer war schonn ofgelaf. Well den Escher Lou Fancelli aus der Nues geblutt huet, gouf dëse vun den Arbittere vum Terrain geschéckt. Den Escher gouf awer vum Ben Goehler ersat, wat géint d’Reegele verstéisst. Doropshin hunn déi Diddelenger Protest ageluecht. Dëse gouf an éischter Instanz vum FLH-Tribunal ofgeleent. Déi 30:29-Victoire fir Esch ass bestoe bliwwen.

An der Suite huet Diddeleng Protest géint dës Decisioun ageluecht a krut virum Conseil d’appel vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun Recht. Deemno hätt d’Partie nei misse gespillt ginn. Esch huet dëst Urteel net akzeptéiert an d’Affär goung bei d’CLAS, “Commission Luxembourgeoise d’Arbitrage pour le Sport”. D’CLAS huet dunn en Dënschdeg d’Decisioun geholl, datt nëmmen de leschte Fräiworf vum Match misst nei geworf ginn.

Donieft gouf och preziséiert, wéi eng Escher Spiller an der Mauer däerfe stoen. De Ben Goehler däerf net um Terrain stoen, dofir awer de Pol Kirsch, den Theo Keiser, de Moritz Barkow an de Jo Vitali. D’Mauer däerf och net vum Escher Lou Fancelli komplettéiert ginn an den Hugo Costa Figueiredo muss am Gol stoen. Am Fall wou ee vun deenen Escher net disponibel wier, muss dëse Spiller mat engem Spiller vun der nämmlechter Gréisst ersat ginn. Dëse Spiller huet awer de 27. September 2025 mussen um Bou stoen.

Am Communiqué, deen RTL vun der FLH zougeschéckt krut, steet net dran, wéi een Diddelenger Spiller de Fräiworf schéisse muss. Donieft läit aktuell och nach keen Datum vir.

Esch wëll déi “äusserst bizare Decisioun” akzeptéieren

Escher President Christian Bock iwwer d’Decisioun vun der CLAS

An enger éischter Reaktioun no der Publikatioun vun der Decisioun präziséiert den Escher President an Affekot Christian Bock, datt d’CLAS decidéiert huet, datt d’Decisioun vum d’Tribunal d’appel vun der Federatioun ze annuléieren ass, well dës net genuch motivéiert war. U sech hätt dës Decisioun awer bedeit, datt d’Affär zeréck bei den Tribunal d’appel hätt misste goen, erkläert den Affekot. Well awer béid Veräiner an och d’Federatioun sech eens waren, datt een elo an enger “Situation d’urgence” wier, haten déi dräi Parteie gefrot, datt d’CLAS eng Decisioun sollt huelen. “Déi Decisioun ass elo esou ausgefall, datt eben dee Fräistouss, deen zum Schluss geschoss ginn ass, datt dee muss frësch geschoss ginn. An dat ebe mat véier Spiller an der Mauer. Dat heescht am Fong, dee Spiller, dee falsch agewiesselt ginn ass, hätt da fiktiv zwou Minutten an dierf net an d’Mauer.” Ee vun den Diddelenger Spiller, deen zu deem Ament um Terrain stoung, wéi de Fräiworf decidéiert gouf, muss dësen och ausféieren. “Soss vum Match gëtt näischt gespillt an en ass net annuléiert. Mä dee Fräistouss muss frësch gespillt ginn.

Wéi dat elo organiséiert gëtt, mat der Federatioun a mat Diddeleng, do musse sech déi dräi Parteien elo zesummesetzen, fir ze kucken, wéi een dat mécht, seet de Christian Bock weider, “och wa mer dës Decisioun fir äussert bizare halen”. Den Dossier war jo mam Video a mat allem un d’IHF, also déi international Handballfederatioun gaangen. An hei hat den ieweschten Arbitter festgehalen, datt et sech ëm eng Tatsaachenentscheedung vun den Onparteieschen um Terrain gehandelt huet, präziséiert den Escher President. D’Decisioun vun der CLAS, déi d’Situatioun als “Violation des règles du jeu” ugesinn, geet awer géint den Avis vun der IHF. De Christian Bock fënnt et och aussergewéinlech, datt d’CLAS an hirer Decisioun géint den Avis vun der internationaler Handballfederatioun gaangen ass. Den Handball Esch wäert déi do Decisioun akzeptéieren an elo gëllt et ofzewaarden, wat Diddeleng mécht. “An da muss ee kucken, wéi et weidergeet”, esou de fréieren Nationalspiller.

HBD frou iwwer Decisioun a stellt Virgoe vun FLH a Fro

Diddelenger President Christian Schott iwwer d’Decisioun vun der CLAS

Den Handball Diddeleng weist sech ganz zefridde mat deem Urteel, wat elo geholl ginn ass seet hire President Christian Schott. “Ech mengen, um Fong hu mer Recht kritt, datt dat hei keng Tatsaachenentscheedung ass, mä eng Reegelwiddregkeet ass”. Fir de Christian Schott ass dëst eng wichteg Feststellung “an eng gutt Decisioun fir de Sport an den Handball”. Also Konsequenz ass jo elo decidéiert ginn, datt just de Fräiworf frëschgespillt gëtt. “Do hätte mer eis kéinte méi virstellen”, gëtt den Diddelenger President ze bedenken, deen och duerchaus novollzéie kann, wisou datt Urteel esou geholl ginn ass. “Ech mengen, datt ass eng gutt, equilibréiert Decisioun, déi och fair par Rapport zu Esch ass. Mir akzeptéieren déi natierlech”. Datt déi Decisioun esou geholl ginn ass, weist och, datt d’Handballfederatioun emol eng Kéier muss iwwerdenken, wéi si mat esou Aktiounen ëmgeet, esou de Mann un der Spëtzt vum HBD. “An datt et net ass, wann iergendee vun enger IHF eng Meenung zu eppes huet, datt dat en offizielle Prozess, deen einfach seng Instanzen duerchleeft, a Fro stellt”. Déi nei Decisioun revoquéiert jo d’Entscheedung vum Appellsgeriicht, stellt awer net a Fro, wat déi Leit do decidéiert hunn, gëtt de Christian Schott ze bedenken. Déi Persounen, déi an deem Appellsgeriicht souzen, si jo ëmmerhin och keng professionell Riichter, esou de President vum HBD nach weider. “Och du muss d’FLH sech nach eng Kéier a Fro stellen, wéi se déi Leit dann auswielt a wéi se déi Leit forméiert, fir datt déi och mat esou Situatioune gutt a professionell kënnen ëmgoen”.


Decisioun CLAS - HB Diddeleng géint den Handball Esch.pdf

Back to Top
CIM LOGO